Caricatures

were popular means of critically illustrating the developments during the Korean War.

© Lettres aux Soldats/MNHM

Also: d'Camina, dât Schöff dât eis Volontären a Korea bruecht huet ass ukom, an eis Grende'er hun och gleich gemengt, wi se de Fo'ss vum Schöff erofgesât hun: « Jongen, wât wärden de’ elô wetzen, wann se eis gesi kommen ! » - « Alles sche’n a gudd », sét du de Sergeant Peters, « mais Walter, we’ könne mer se önnerschéden ? Ass et en Nordkoreaner oder e Südkoreaner, t’kuckt én eso’ sche’n an eso‘ ellen we‘ den âneren. Ass et also Frönd oder Feind? » – « T’ass dach neischt me‘ einfach », mengt den Adjutant, « t’frét én se; matt Froen vermecht én neischt! Elo stét én, ruff en emol eleihin! » – « Ech verstin dach ké Chinesisch a ké Mongolisch! » – « Net? Mais we‘ könns de da bei d’Leit? Göff emôl uecht, eso‘ mecht én dât! »
De Walter peift eng Ke’er, wenkt a rifft: « Hé boy, heihin! » De Mann kuckt op, an e könnt och tatsächlech erbei. « Weiheiwaitschingtschongtschut‘ sonnschingtschonschingsodunu Nordkorea ou Südkorea? »
Bei dem Chinesisch fueren dem ârme Mongolefritz d’Aen an de Mond op, so‘ gro’ss we‘ Scheierpârten, mais t’könnt keng Äntwert. Du rifft de Walter: « Infirmier! » Déi könnt matt senger Köscht ugerast. « Setz dém Mann elo den Thermometer un! » – « Ass en da krank? Fe’ver? Malaria? Cholera? » – « Mâch wât ech der gesôt hun! » Se setzen dem Koreaner den Thermometer un, an no e puer Minute sét den Adjutant: « T’ass e Südkoreaner, gesitt dir elei: E gét iwert den 38. Grad ».





Back